Liesung um Kannergebuertsdag / Familjefest

D'Patricia Petruccioli kënnt op Wonsch bei iech op de Kannergebuertsdag oder op d'Familjefest an hëlt d'Kanner, an och gären déi Grouss, mat bei d'Lila.

D'Nolauschterer léieren d'Lila an déi aner Personnage vum Buch kennen a mache mat hinnen zesummen d'Laachtricken aus dem Buch.

Als Ofschloss vun der Lies- a Laachstonn kritt all Kand e signéiert Buch.

Gären beäntweren ech Äer Ufro per Mail oder Telefon.

Dem Lila säi Laachen


Laachen verbënnt Kleng a Grouss

Cover Lila

Wéi d'Lila fir e puer Deeg bei säi Bopa geet, mierkt hatt datt dem ale Mann am Laf vu sengem Liewen d'Laachen vergaangen ass. D'Lila huet seng eegen Tricker fir bei gudder Laun ze bleiwen. Déi zwee laachen sech zesummen iwwer munches ewech, de Bopa iwwert seng Traueregkeet an d'Lila iwwer eng verstoppten Angscht.

Kleng a Grouss kënnen dem Lila seng Laach-Tricken mat e bësse Fantasie direkt iwwert dem Liese matmaachen an no Loscht a Laun am Alldag widderhuelen.

Patricia Petruccioli, 1973 zu Esch/Uelzecht gebuer, ass Ergotherapeutin a Laachtrainerin.

Säit 2008 hält si Couren a Seminairen iwwer Laachyoga.

D'Laachübungen an dësem Buch inspiréieren sech um Laachyoga. Dës Geschicht weist spilleresch Beispiller wéi een zesummen laachen a mat Freed a Witz mateneen ëmgoe kann.

D'Buch elo hei online bestelle mat enger perséinlecher Widmung dran!